Mouthe
Mondig
Mer sen goud akommen. D'busrees wor lang a flott. Mer han filmer gekuckt. Zu Mouthe kruten mer Schoun an Skier. Den Didier hat eis gewisen, wi mer Schoun an Skier aandon sollen. Owes han mer eiser Famill na eng sching Postkaart gescheckt.
Dastig
Moies sen mer d'Source vam Doubs kucken gangen an dono woren mer schwammen.Do haaten mer vill Spass. Mettes gung et endlich op d'Pist. Do han mer geliert wi een richtig op den Skier steet. Mer sen oft gefall, mee am Schluss woren mer well baal Profi. Mer woren dono duschen, et wor nigdig. Mi spéit han mer awer och eppes fir Schull gemaat.
Mettwoch
Moies han mer Tessy fir den Geburtsdaag gesongen an hat krut vill Cadeauen. Mer haaten vill Spass dobai. Nom Frühstück gung et rem op d'Pist. Do kunten mer well "super" faaren. Michelle an Mireille gungen well op den gruussen Bierig. Mettes woren mer Schlitt faaren an dono op Mouthe eis Suen lass gien.
P.S. Mad eech keng Suergen. Mer han baal keng Zeit fir eech ze vermëssen.
Donnestig
Den Moien woren mer all madeneen op den klengen Bierg Ski faaren. Dat wor ganz flott. Puer sen oft gefallen,mee et wor net su schlemm.
Den Mettig gungen mer eesen, an dono woren mer op d'Zemmer an han eppes gespillt. Dunn woren mer na eng Keier Skifaaren, mee dës Kéier hun Moniteuren gewielt, ween op deen groussen Bierg darf faaren. Deen ass ganz steil an den Skilift ass ganz lang, 2 km am ganzen.
Nom Skifaaren kruten mer Kuch an eppes ze dranken an dono woren mer duschen. Zum Schluss han mer d'Koffer gepackt an lo setzen mer hei.
Den Nowend ass eng kleng "Boom" (Party) an muaren kommen mer heem.
P.S. Mer freen eis fir heem, mee Skifaaren waerten mer vermëssen.
d'Kanner vam 4. a 5. Schulljor |
|