 |  | Spend fir Haiti (27. Juli 2010)
D'Schoulkanner aus Wäiswampech hate geplangt, d'Halschent vum Erléis deen hiert Schoulfest agespillt hat den Äerdbiewen-Opfer aus Haiti ze spenden. Wéi si awer vum Angelika Hoffmann, Vertriederin vu "Gib einem Kind die Hand" ënner der Daachorganisatioun "Farnières-Haiti" héiere hu, wéi schlecht et och am Moment den Awunner nach ëmmer geet, wore si bereet, den Don op 2000 Euro opzestocken. D'Sue gi fir Bildung, medezinesch Pfleg an ee Vakanze-Camp genotzt.
-
|